Regeln
Wellkom am Forum vu BIKER.LU,
1. Als ugemelden Benotzer soe mir am Forum all "DU" zueneen a schwätzen eis mat Vir-reps. Nicknum un.
2. En eierlechen, héiflechen a konstruktiven Emgang ennereneen am Froum ass absolut Bedingung a Grondlag fir en anstännegen Niveau am Forum ze halen. Et gett net tolereiert, wanns Du ander Memberen vernenns, beleidegs oder o.ä.
Suguer op en vermeintlech beleidegenden Post sollst Du net ongehalten reageiren. Vielleicht hues de jo selwer eppes falsch gemach oder nemmen falsch verstanen.
Genau sou gin keng iwerdriwen Selbstduerstellungen oder Reklam an eegener Saach zougeloos. Wien e puer Mol gengt d'Forumregelen versteisst oder emmer rem fir Onrou suegt, get vum Administrator aus dem Forum ausgeschloss.
3. Absichtlecht, ongerechtferdegt an/oder widerhuelnt Ugräiffen oder Verleumden vun enger bestimmter Sach, Mark, eines Shop oder Produit ass net erlabt. Wanns Du eppes ze reklaméieren hues oder kommentéieren wells, da mach daat just emol a secher dech oof, dass du dee Reproche mat Fakten kanns belé'en.
4. Absolut Tabu am Forum sin Themen, Texter, Grafiken, Karrikaturen, Fotoen oder Videoen, déi gengt d'Moral oder gut Sitten verstoussen, obszön, gräisslech, barbarisch oder oofstoussen Contenu'en hun, Gewalt weisen oder verherrlichen, ausländerfeindlech sin, Religiounen oder Kulturen diffaméieren oder lächerlech machen, pornografische Contenu hun, Softwarepiraterie ennerstetzen an/oder Serien-Nummeren, Cracks etc enthalen. Sou Bäiträg gin direkt, ouni Warnung an ouni Rechtferdegung geläscht, soubal dem Administrator oder engem Moderator bekannt gin.